Why Good Food and Loop ?

Why good food and loop ?

Während dem Wuesstem, beim Léieren oder wanns du sportlech aktiv bass verbraucht däi Kierper Energie.

Why good food?

Iwwert d’Nahrung, also d’Liewensmëttel déi‘s du zou dir hëls, baut däi Kierper nees nei Energie op. Virun allem während dem Wuesstem, also als Kand oder Jugendlechen, ass et wichteg sech e bësschen dofir ze interesséieren, wat een ësst an och drénkt well beispillsweis eist Skelett nëmme bis ongeféier zum 20. Liewensjoer opgebaut gëtt. Eng equilibréiert Ernärung, Beweegung an och genuch Flëssegkeet spillen hei eng wichteg Roll.

Niewent dem Iessen ass also d’Beweegung immens wichteg fir datt däi Kierper sech gutt entwéckele kann a staark ass. Eng kräfteg Réckemuskulatur zum Beispill verbessert déng Réckenhaltung a verréngert Réckeverspanungen.

Op dëser Säit fënns Du Tipps an Tricks zur Zoubereedung vu leckere Kachrezepter, awer och Sport-Tutorials mat deenen‘s Du Dech an de verschiddenste Sportaarten ausprobéiere kanns an déi Dir Erklärunge fir déi 1. Schrëtt zum Profi ginn.

Klick Dech einfach duerch an entdeck Neies.

Vill Spaass !