Gromperensoufflé mat schwaarzem Schokola
Gromperensoufflé mat schwaarzem Schokola
mëttel
60 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 4 grouss Gromperen
- 100 g schwaarzen Schokola (am einfachsten als Schokoladrëpsen)
- 4 Eeër
- 100 g Zocker
- 250 g Schlagsahn

Preparatioun:
- Gromperen schielen, wierfelen an an kachend Waasser mell kachen. Waasser ofschëdden an d’Gromperen püréieren.
- Eeër trennen an d’Eegiel zum Gromperepüree ginn an ënnerréieren.
- Eewäiss an den Zocker zu Eeschnéi schloen. Aus der Ram Schlagsahn maachen.
- Gromperenpüree, Eeschnéi an Schlagsahn zu enger glater Mëschung réieren.
- Form botteren an mat Miel aussieben an ongeféier zur Halschent mat der Gromperencreme fëllen. Schokoladrëpsen an d’Form ginn an mat Gromperencreme bedecken.
- Bei 200° am Uewen baken.