Instant Nuddelen
Instant Nuddelen
mëttel
Wat brauch ech?
Fir d’Thai Nuddelen:
- ½ Tl gréng oder rout Thai Currypaste
- 1 Tl Thai Fëschzooss
- 3 El Kokosnossmëllech
- ½ Tl Ingwerpaste
- 25 g Somennuddelen oder Glasnuddelen
- 5 g Zockerschoten oder mangetout, kleng geschnidden
- 5 Champignonen, kleng geschnidden
- 1 Fréijoersënnen, kleng geschnidden
- E puer Koreanderblieder
- 1 Stéck Limette
Fir d’Japan Nuddelen:
- 1 El donkel Miso-paste
- 5 Champignonen, kleng geschnidden
- 1 Fréijoersënnen, kleng geschnidden
- 25 g Tofu,a Wierfel geschnidden
- 25 g Somennuddelen oder Glasnuddelen
- ½ Tl gedréchent Wakame Algenblieder
- ½ Tl Sesamkären
© Edith Gätjen, Stephanie Fromme (UGB Akademie)

Preparatioun:
- Alleguer d’Liewensmëttel an en Amaachglas ginn.
- Bei Zëmmertemperatur stockéiere bis dass een et iesse well.
- D’Amaachglieser mat kachendem Waasser fëllen, den Deckel zouschrauwen a kräfteg rëselen, sou dass sech alleguer d’Liewensmëttel mëschen.
- 5 Minutten op Säit stellen.
- No 5 Minutten, den Deckel erof schrauwen an d’Zopp an eng Schossel schëdden oder direkt aus dem Glas iessen.