Kornischong-Peffermënz-Zalot
Kornischong-Peffermënz-Zalot
einfach
20 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 2 Kornischong
- 1 rout Ënn
- Peffermënz
- 150 g Jughurt
- 1 El Olivenueleg
- Knuewelekszéif
- Salz a Peffer
- Zitrounejus
- 150 g gegrimmelte Feta

Preparatioun:
- Kornischong a ganz dënn Scheiwe schneiden. Liicht salzen an ongeféier 10 Minutten zeie loossen.
- Rout Enn a ganz dënn Sträife schneiden. Peffermënz wäschen, d’Blieder ofzupfen a kleng hacken. D’Kornischong an enger Schossel mat den Ënnen an dem Peffermënz mëschen.
- Wäiss Jughurt mat Fjord, enger kleng geschniddener Knuewelekszéif vermëschen. Mat Peffer, Salz an e bësschen Zitrounejus wierzen an ofschmaachen.
- Zooss mat de Kornischong vermëschen an de gegrimmelte Feta driwwer streeën.