Roude Kabes mat Apel
Roude Kabes mat Apel
mëttel
45 min.
4 Persounen
Wat brauch ech?
- 500 g roude Kabes
- 1 Tl Salz
- 50 g Äppel
- 1 El Botterschmalz
- 1 Msp Kanéil
- schwaarze Peffer
- 1 El Balsamicoesseg (Aceto balsamico)
© Edith Gätjen, Stephanie Fromme (UGB Akademie)

Preparatioun:
- De roude Kabes wäschen, botzen, de Stronk erausschneiden a kleng schneiden oder huwwelen. An enger Schossel mat Salz kräfteg knieden.
- D’Äppel wäschen, entkären an a Spalten schneiden. A Botterschmalz ubroden, de roude Kabes dobäi ginn an undënsten.
- Mat Kanéil, Peffer a Salz wierzen a mam Balsamicoesseg ofläschen.
- Bei zouenem Deckel ongeféier 20 Minutten gäre loossen.