Ketchup
Ketchup
einfach
10 min.
10 Persounen
Wat brauch ech?
- 1250 g Tomaten
- ½ rout Paprika
- 1 Enn
- 1 gepresste Knuewelekszéif
- 100 ml Esseg
- 75 g Zocker
- Salz a Peffer
- 2 Tl Ingwer
- 2 Tl gemuele Paprika
- 2 Tl Muskot

Preparatioun:
- Wäsch a schneit d’Tomaten an den Paprika.
- Looss d’Tomaten, de Paprika, d’Ennen an de Knuewelek an enger Kasserolle mat e wéineg Waasser fir ongeféier eng Stonn kachelen. Réier et vun Zäit zu Zäit em sou dass et net ubrennt; maach e wéineg Waasser dobäi wann et néideg ass.
- Püréier dat Ganzt, huel et dofir awer vun der Kachplack.
- Setz d’Kasserolle rem mat e wéineg Esseg, Zocker an all de Gewierzer op a looss et fir 1 an ½ Stonn kachelen.
- Schmaach a wann et nach net genuch gewierzt ass, maach nach e wéineg Peffer dobäi.
- Fell de Ketchup an 2 Glieser, dréi se fest zou a stell se op Kopp.
- Oppassen: Dëse Ketchup hält sech bis zu engem Joer mee soubal d’Glas eng Kéier opgemaach ginn ass muss een et am Frigo halen.